13% vun de Wieler hunn dëst Joer bei de Wahlen net deelgeholl. Dat ass e Problem fir den Alex Bodry. D’Diskussioun ëm d’Wahlflicht gräift awer ze kuerz. De Wahlsystem huet nämlech vill méi wichteg Problemer.
Bei de Gemengewahle waren dëst Joer 285.319 Wieler ageschriwwen, eng 248.885 Wahlziedele goufe schlussendlech ofginn. Dat ass eng Wahlbedeelegung vu ronn 87,23%. Beim Referendum vun 2015 waren et 86,99%, bei den Europawahlen 2014 85,55%, a bei de Chamberswahlen 2013 waren et 89,98%. [1]Eege Berechnungen, baséierend op data.public.lu Grond genuch fir den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry, sech dësem an enger Question parlementaire unzehuelen. D’Äntwert: Beschtefalls befriddegend.
Och wa bekannt ass, wéi vill Leit sech net un de Wahle bedeelegt hunn, sou ass net ganz kloer wéi vill dat ouni eng valabel Excuse gemaach hunn. De Parquet huet et nämlech verpasst, dës Zuelen bei de Gemengen unzefroen.
Eng politesch Fro
D’Diskussioun ëm d’Wahlflicht ass keng nei. Pro oder Kontra Argumentatioune fir oder géint d’Wahlflicht si sou al wéi d’Iddi selwer. D’Decisioun, ob dat zu Lëtzebuerg iwwerhaapt Sënn mécht, ass deemno eng reng politesch. Mä duerch de Fait, datt zënter 1964 kee méi sanktionéiert ginn ass, deen onentschëllegt net wiele war, ass d’Wahlflicht de facto ofgeschaaft.
References
↑1 | Eege Berechnungen, baséierend op data.public.lu |